Wien iwwert d'N7 vun Houschent op Maarnech fuere wëllt, dee muss duerch d'Houschter-Déckt an Housen. A wien déi Streck méi dacks fiert, dee weess, datt et an deenen zwou Uertschaften alt emol méi lues virugoe kann. Dat läit net seelen, dorunner, datt Foussgänger bei deene verschiddenen Zebrasträifen iwwert d'Strooss wëllen an dofir déi Rout Luucht drécken. Ma zanter Januar sinn eng Partie vun de Roude Luuchten en panne. Eng net ganz ongeféierlech Situatioun, déi deels een zimmlech skurrille Grond huet, Marc Hoscheid.

26/03/2025 BAND Rout Luuchten Houschter-Déckt 07h15 (online)