Réimech d'Pärel vun der Musel. Mee am Moment ass fir di Réimecher Leit an och de Visiteur laanscht d'Musel zimmlech vill Chantier ze gesinn. Op enger rezenter Biergerversammlung gouf een elo méi gewuer wou ee mat den Aarbechten drun ass an wéini en Enn en vu ass.

De Christian Schmit war fir Eis lauschteren an huet mam Buergermeeschter geschwat....

08/04/2025 Réamenagement Esplanade zu Réimech a Martplaz (MAT USO)

Di ganz beléiften Esplanade zu Réimech ass no der Kanaliséirung vun der Musel an de 1960er Joeren enstan. U sech sollt déi scho virun 20 Joer erneiert ginn, mee ëmmer nees gouf de Projet no hanne geréckelt. Elo ass de Chantier op der Esplanade amgaang, wou si mir drun, a wat geschitt do? De Point mam Buergermeeschter Jacques Sitz?

Also mir sinn elo mat enger éischter Phas amgaang, dat heescht dat si Stroosseninfrastrukturen iwwert an ënnert dem Buedem bis bei di Glashëtt.  an do gëtt da glächzäiteg eng Begrünung vun der Esplanade gemaach. dat ass e Projet deen dauert bis 2027, an dann hu mir emol op deem Deel eng fusch nei Esplanade. 

Foussgänger, Velofuerer an Automobilist kommen an Zukunft och besser laanschteneen?

RTL
RTL

De Moment war et jo de Probleem dass mir vu Stadbriedemes Richtung Schengen, do hate mir jo hei zu Réimech keng getrennte Velospist. Et gëtt elo wierklech getrennt,  dat heescht méi no bei der Musel ass de Foussgänger dee wärt säi Wee fannen. Da mat enger Oftrennung zu Strooss dann de Velosfuerer, et sinn och Parkplazen do dass wann e mam Auto op Réimech kënnt, net bis hanner Knuppecht fuere fir eng Plaz ze fannen. D'Strooss gëtt e bësschen zeréck gebaut, dass si net méi esou breet ass.

Dat soll dann an engems zur Verkéiersberouegung op der Esplanade bäidroen. An d' Kiischtebeem kommen och nees dohinner?

Mir wärten elo eng Mixitéit kréien. Eng vu japaneschen a vun europäesche Kiischtebeem. Wat de Virdeel huet dass di Bléizäit da verduebelt gëtt. A Plaz 4 Wochen dann 8 Wochen Bléi, an da kann een dat och hei schéi genéissen. 

Mir hunn et héieren, dat do ass eng éischt Phas mat engem Käschtepunkt vu 5,5 Milliounen Euro. Phase 2 an 3, déi ronderëm d'Haptkräizung bei der Bus Gare, a weider Richtung Bechklengmacher, inklusiv Héichwaasserschutz ginn dann duerno an Ugrëff geholl.

Eriwwer dann op d'Dr Fons Kons Plaz matzen a Réimech. Och déi kritt e neie Look, an de Chantier kënnt gutt virun?

De Kiosk dee net gutt ukomm ass, soen ech elo emol, dee kënnt ewech. Do kënnt elo e flotten Iwwerdaach dee grouss genuch ass fir da kleng Märt drënner ze maachen, Veräinsaktivitéiten, e klenge Concert oder Theater.

Op PLaz selwer do kënnt e flott Waasserspill mat Fontänen déi aus dem Buedem kommen. Terrasse gi nei gemaach mat den Oftrennungen + nei Prabelien, jee di Plaz wärt schonn e Prunkstéck ginn.

RTL
RTL

Terrassen si scho fir Ouschtere prett, an de Rescht da fir den Optakt vun der Summer Vakanz, wann alles klappt. Käschtepunkt hei: 3,3 Milliounen.

Jo an um Master Plang "Visioun 2035", Réimech liewen, a Réimech beliewen, mat Parkhaus Wellness Hotel a Sport Infrastrukturen, dee Projet  ass och an der Pipeline.

RTL
RTL

Sou gesinn ass een zu Réimech beméit, dass dat mat der Pärel vun der Musel och esou bleift.

Réimech bleift d'Pärel vun der Musel, do wärte mir och eisen Deel dozou bäidroen dass et och eng modern Pärel gëtt hei op der Musel.

RTL
RTL

Schéin, da wënsche mir deene Réimecher an eis eng flott Saison 2025 op der Musel a laanscht d'Esplanade, wann och mat e bëssche Chantier ronderëm.Fotoen heivunner ze gesinn op www.radio.rtl.lu