
Eise Bëscher geet et net gutt: De Klimawandel an déi ëmmer méi laang Periodë vun Dréchent an Hëtzt hunn negativ Konsequenzen fir d’Beem an d'Bëscher am allgemengen. Well esou Perioden ëmmer méi heefeg a méi laang wäerten optrieden, huet d’Stad Lëtzebuerg mat der Ënnerstëtzung vum Ëmweltministère de Projet FORLUX lancéiert, fir besser ze erkennen, wéi d’Beem op déi klimatesch Ännerunge reagéieren, fir esou déi néideg Mesurë fir d’Erhale vun eise Bëscher ze huelen. D’Céline Eischen war bei der Presentatioun vum Projet am Bambësch dobäi.
04/04/2025 BAND Forlux 7h15 INTERNET
Am meeschte gelies