All Joer de 4. Abrëll ass den internationalen Dag vun der Opklärung iwwer d’Minnegefor. D’Antipersoune-Minne ware viru Kuerzem nach international verpönt, mä d’Entwécklung geet elo an déi aner Richtung. De Baltikum, Polen a Finnland wëllen aus dem Antipersouneminnen-Ofkommes austrieden. Handicap International Lëtzebuerg warnt a wëll opklären. Emmanuelle Schmit
Kricher a Konflikter hannerloosse Minnen an onexplodéiert Sprengkierper, déi nach Joerzéngte laang eng Gefor sinn. Experte schätzen, dass et an der Ukrain zum Beispill bis zu engem Joerhonnert dauere kéint, fir dat ganzt Land nees sécher ze maachen.
De militäreschen Deminage séchert Stroossen an Infrastrukturen, an den humanitären Deminage prioritär Felder, Spillplazen a Liewensraim vun de Mënschen. Dëst ass essentielle, fir d’Liewe vun de Betraffenen nees normal ze maachen.
De Martin Lagneau, Direkter vun Handicap International Lëtzebuerg, erkläert, wéi eng Länner am meeschte vun de Minnen a Sprengkierpere betraff sinn :
CUT 1 : Wéi eng Länner sinn am meeschte betraff ?
« Donc tout le monde va penser à l’Ukraine, et c’est vrai que l’Ukraine est une zone extrêmement contaminée, et qui va mettre des décennies à être décontaminée. Le Moyen-Orient, que ça soit la Syrie, que ça soit l’Irak, évidemment aujourd’hui Gaza, sont des zones extrêmement contaminées puisqu’ils ont été massivement bombardés. Mais on a aussi des conflits un peu plus oubliés, mais très active aujourd’hui comme le Sudan par exemple ou des conflits plus anciens, à la Colombie. »
Mee och Regiounen hei an eiser Géigend si concernéiert, beispillsweis a Frankräich an der Géigend vu Verdun, fënnt een haut ëmmer nach Zonen, déi gesperrt sinn, well nach Munitioun vum 1. Weltkrich do ass.
D’Konventioune vun Ottawa an Oslo halen d’Verbuet vu Minnen a Clusterbommen fest, mee si verléieren un Ënnerstëtzung. D’USA liwweren nees Minnen an europäesch Länner an och Länner wéi a Litauen wëllen austrieden.
De Martin Lagneau erkläert firwat et och wichteg ass fir déi méi jonk Generatiounen iwwer d’Problematik opzeklären :
CUT 2 : d’Jugend opklären :
« En fait la situation aujourd’hui démontre effectivement cette nécessité de sensibiliser. C’est important que la population soit en conscience de ça, parce qu’il est important que les jeunes, c’est leur avenir à un demain. Si aujourd’hui les états se remettent à utiliser à produire : Imaginant il y a une guerre, elle est déjà active en Ukraine, mais qu’il y a une guerre qui débouche sur la Pologne, sur d’autre Etas etc., les jeunes demain vivent ça, comme nos pères ou nos grands-pères dans des zones en France, au Luxemburg contaminés, mais c’est ça qu’on doit empêcher. »
An der St. George’s International School hu Schüler an Atelieren d’Thematik entdeckt. D’Ziel war et d’Jugend ze sensibiliséieren, well si d’Zukunft sinn.