All Joer ëm dës Zäit heefe sech dramatesch Nouvellen op eise Stroossen, well d’Leit sech duerch d’Wieder méi zoutrauen, erkläert de President vun der Sécurité Routière Paul Hammelmann als eisen Invité vun der Redaktioun. A Saache Verkéierssécherheet huet Lëtzebuerg e Retard opzehuelen, Annick Goerens.

08/04/2025 Resumé Invité: Paul Hammelmann / Reportage: Annick Goerens

De President vun der Sécurité Routière huet de Moien och d’Rumeure confirméiert, dass d'Assurancegesellschaften d'Asbl net méi wëllen finanzéieren. De Paul Hammelmann erënnert drun, dass si awer och eng ganz Rei Prestatioune maachen, déi misste weidergefouert ginn. Notamment d’Coupe scolaire fir d’Kanner. An de Stage de réhabilitation fir d’Geriichter z’entlaaschten. Aktuell wier een dofir a Negociatiounen fir e neie Sponsor ze fannen. Et wier och nëmmen normal wann de Staat do géing asprangen, fënnt de Paul Hammelmann.