
Am Kader vun der Semaine de l’enfance kann de breede Public sech nach bis e Freiden ee Bild vun der Aarbecht an de Crèchen, Maison Relaisen a Foyeren maachen mat Porte-Ouverten, Aktivitéiten an Atelieren. Bei dëser véierter Editioun steet nämlech déi non-formal Bildung am Mëttelpunkt. An eng Fro déi sech och do stellt ass, wéi een d’Kanner fort vum Ecran kritt mat Aktivitéiten a vill Beweegung. Een Thema mat deem sech och den Dr. Dieter Braus beschäftegt. De leschte Freiden huet de Spezialist fir Neurologie, Psychiatrie an Psychotherapie am Lënster Lycée ee Virtrag gehale mam Titel “Kindliches Gehirn und Medien”. D’Marlène Clement huet am Virfeld mat him geschwat.
19/05/2025 Semaine de l'enfance - Dr.Braus - 7h15
Am meeschte gelies