Den Drock op Lëtzebuerg war grouss an et hat ee wuel kee Choix. Als leschte NATO Memberstaat huet d'Lëtzebuerger Regierung an der Woch annoncéiert, nach dëst Joer eng Schëpp drop ze leeën.
2% vum Revenu National Brut sollen an d'Verdeedegung investéiert ginn, wat heescht, datt et lo séier muss goen. 400 Milliounen Euro méi gi bis d'Enn vum Joer fir Verdeedegungszwecker ausginn. Wou sollen déi Suen hifléissen? D'Verdeedegungsministesch huet haut op enger Pressekonferenz méi Detailer verroden.
Ënner anerem gëtt an d'Satelitten-Technologie investéiert. Céline Eischen
16/05/2025 BAND Defense Efforten 17h40 INTERNET
Am meeschte gelies