
Un deem Soziale wäert net gefummelt ginn, ënnersträicht de Finanzminister Gilles Roth an der Äntwert op d’Fro, wou d’Sue fir d’Erhéijung vun den Defenseausgabe sollt hierkommen. Bis elo hätt een sech drop gëeenegt, dass et aus dräi Beräicher sollt sinn. Et sinn net manner wéi 400 Millioune pro Joer méi wéi bis elo, déi Lëtzebuerg wëllt fir d’Defense bis Enn vum Joer ausginn. Dës Annonce hat de Premier en Dënschdeg a senger Ried zur Lag vun der Natioun gemaach. Diana Hoffmann
16/05/2025 Gilles Roth iwwer Defenseausgaben 7h40 (Online)
Am meeschte gelies