
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet de Moie vrun der Press ganz däitlech Wierder fonnt, fir déi israeelesch Regierung ze kritiséieren. Wat déi israeelesch Arméi aktuell a Gaza géif maachen, dat wier scho laang keng Selbstverdeedegung méi a wier och net am Aklang mam Krichsrecht, sou den DP-Ausseminister a Vizepremier.
16/05/2025 Xavier Bettel Noen Osten
Am meeschte gelies