Vum 2. Juni un gëtt an de Lycéeën d'Smartphone-Notzung limitéiert. Déi verschidde Lycéeën am Land konnte sech fir ee vun 3 Reglementéierungs-Niveauen entscheeden, an dëse muss elo no der Péngschtvakanz ëmgesat ginn. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet haut op enger Pressekonferenz méi Detailer iwwert dës nei Reglementatioune verroden. Céline Eischen

19/05/2025 BAND Strategie Handy-Verbuet 17h40 INTERNET

Nom Smartphone Verbuet an de Primärschoulen, dee jo leschte Mount agefouert gouf, geet een elo op een änleche Wee an de Lycéeën: Am Secondaire wëll een nämlech no der Péngschtvakanz och eng physesch Distanz tëscht Schüler a Smartphone sécherstellen, datt sech am Unterrecht ka besser konzentréiert ginn an d'Schüler esou een adaptéierten Ëmgang mat digitalen Outilen léieren. Déi Jonk solle sech och duerch aner Aktivitéiten, wéi just deenen digitalen, kënnen entwéckelen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch:

Meisch: Déi Zäit, déi Kanner, an dat sinn heiansdo Stonnen den Dag, um Handy sinn, um Smartphone sinn, dat ass ganz dacks eng verlueren Zäit, eng Zäit déi net méi genotzt gëtt fir Sport ze maachen, fir kulturell täteg ze sinn, fir direkten sozialen Austausch ze hunn, an dat wëlle mir favoriséieren.

Déi nei Reegele sollen dann och net vun uewen erof diktéiert ginn: De Ministère huet de Lycéeën 3 verschidden Reglementatiouns-Niveauen proposéiert, vu ganz strikt bis manner streng, an all Lycée konnt do, zesummen mat Schüler, Enseignant'en an Elteren, decidéieren, wéi ee Modell am Beschte bei hir Schoul passt. D'Cynthia Recht, Presidentin vum Collège des Directeurs, erkläert:

Recht: De Gros ass beim Modell 2, dat heescht dat ass deen tëschent 'ech maache just wärend dem Kuer den Handy ewech' a ganz streng, an do sinn awer och ganz ënnerschiddlech Mesuren getraff ginn, jee no deem wat d'Schoul eben zouléisst a wat decidéiert ginn ass zesummen mat den Elteren a mat de Schüler.

D'Restriktiounen sinn awer net just fir de Smartphone geduecht, mee fir all digital Outil'en, déi connectéiert sinn, dorënner och Aueren. Weider soll och den WIFI-Accès eréischt vun engem gewëssen Alter un an de Schoulen zougelooss ginn, dat fir d'Ëmfeld an der Schoul de Wëssenschaftleche Recommandatiounen unzepassen:

Meisch: Mir brauchen erëm een Equiliber, eng Screen-Life Balance, tëschent der digitaler Welt an all deenen aneren Aktivitéiten, an dat solle mer eben och ënnerstëtzen andeems mir den Zougang zum Wifi bis 15 Joer blockéieren.

Dëst géif dem DP-Educatiounsminister no awer net bedeiten, datt dat Digitaalt ganz aus der Klass verschwënnt. Et géif een nämlech nach ëmmer mat Tablets déi digital Outil'en esou wëllen asetzen, datt se och pedagogesch sënnvoll sinn.

D'Retouren aus de Grondschoulen, an deenen d'Handyverbuet jo elo schonn eng Zäitche gëllt, wieren op alle Fall emol villverspriechend.

De Ministère huet dann och annoncéiert, datt een dës Reglementatioune géif suivéieren an evaluéieren, a wa néideg och géif upassen.