D'Relatioun tëscht de Gewerkschaften an dem Patronat huet zolidd Schréipsen.
Sträitpunkt sinn ënner anerem d'Kollektivverträg.
Nodeems d'Patronat sech méintelaang bedeckt gehalen huet huet d’Unioun vun den Entreprisen haut hir Vuen fir den zukünftege Sozialdialog a fir d'Organisatioun vun der Aarbecht presentéiert.
D'Patrone rappelléieren, datt et a ville Betriber ubruecht wier, datt mat de gewielte Personaldelegéierte verhandelt gëtt amplaz mat Gewerkschaften.
Bei de Kollektivverträg sollen déi obligatoresch Verhandlungspunkte reduzéiert ginn, fënnt d'UEL.
De Pit Everling mat den Detailer

22/05/2025 Reportage UEL 17h40 Everling ONLINE