An elo geet et an de Wéngert. An zwar an deen éischte Bio Wéngert deen 1995 no de Critère vum ökologesche Land Bau ugeplanzt gouf.

Dat zu Kanech, an do ass elo e Sonndeg och dat éischt Biowäifest.

De Christian Schmit mat den Detailer.

23/06/2025 30 Joer Lëtzebuerger Biowäin an 1. Biowäifest (MAT USO)

Jo d'Pionéier vum Lëtzebuerger Bio Wäin Ubau komme vu Kanech. Am Kanecher Naturschutzgebitt Wéngertsbierg hu mir Rendezvous mam Carlo Entringer. D'Sektioun Lenneng/Kanech vum deemolegen Natur a Vulleschutz hat op den alen Terrassen vum Kanecher Wéngertsbierg op 40 Ar Parzelle nees kultivéiert. Deemools en absolutte Novum?

RTL
RTL

Jo mir hunn 1995 ugefangen. Dat ass esou aus enger Iddi eraus komm. An ubemol war en dann do, och sinn du nach Leit dobäi komm déi dat ënnerstëtzt hunn, an dunn hate mir deen éischte Bio Wéngert zu Lëtzebuerg. Vill Leit sinn dohinner kucke komm, en etlech hunn d'Nues gerümpft, mee mëttlerweil ginn et der awer schonn eng Dozen. Dat ass scho mol een Erfolleg dee mir eis op d'Broscht pechen. 

Fir déi Initiative gouf et esouguer den Henri Ford European Conservation Award.

De Krees vun deenen déi sech getraut hunn op BIO ëmzestellen sollt awer lues a lues méi grouss ginn. An och de Wéngert hei zu Kanech ass gewuess a méi villfälteg?

Mir haten alt schonn bis zu 66 Ar, mëttlerweil hu mir der awer erausgeha, sou dass mir am Moment ronn en 1/2 Hektar do steet. Dat geet och déck duer, et kënnt keen Trakter hei eran, et ass alles Muskelarbecht.

De Carlo Entringer ass och nach ëmmer selwer mat aktiv. Wat zeechent dann e Kanecher Cru aus, a wéi eng Zorten ginn ugebaut ?

RTL
RTL

Béis Zonge behapte jo e wär esou sauer dass een deen deen e gedronk huet dräimol an der Nuecht misst emdréinen, Dräi Männer Wäin, soss géif de Mo duerch brennen. Mee esou ass e guer net.. Dir musst e schmaache kommen, de 29. Juni um Biowäindag, an da kënnt dir iech selwer dovunner iwwerzeechen. Am Ufank hate mir just Elbling, dat ass jo bekannt dass dat e bëssche méi en herbe Wäin ass, a mëttlerweil hu mir awer och nach Pinot blanc a Pinot noir. An dëst Joer hu mir och Pilz resistent Planze gesat. Kucke mir emol wat dat gëtt.

E Sonndeg dann elo hei zu Kanech dat 1. Bio Wäifest. De Claude François hat d'Iddi, wou een à la fois dee Wéngert, an och di aner Biowënzer ka kenneléieren?

RTL
RTL

Genee. Et sinn zwou Plazen. Hei am Wéngert wou mir elo sinn. Et sinn 3 Séancen am Dag vu 90 Minutten, wou d'Leit heihinner gefouert ginn,an da komme si hei erop, wëll d'Leit vu Natur an Ëmwelt begleede si bis heihinner.

An dann ass déi grouss Plaz virun der Gemeng, dat gëtt praktesch esou e grousst Festzelt, an do sinn 10 Wënzer déi sech virstellen, 10 Stänn an do kënnen d'Leit dann dégustéieren.

RTL

RTL

RTL