An der finanzieller Gestioun vum Large-Scale Testing wärend der Corona-Pandemie goufen et esou munch Irregularitéiten. Esou kéint een op allefall emol d’Conclusioune vum Rapport vun der Cour des Comptes interpretéieren, déi sech jo mam Large Scale Testing befaasst huet. De Rapport ass ugangs dës Joers schonn an der Budgetskontrollkommissioun virgestallt ginn, an elo sichen d’Deputéiert Äntwerten op hier Froen bei de Responsabelen. Gëschter hu sech Vertrieder vum Héichschoul Ministère an dem Luxembourg Institute of Health, dem LIH, an der Budgetskontrollkommissioun erkläert, fir spezifesch op d’Phase 1 vum Large Scale Testing anzegoen. Céline Eischen.

17/06/2025 BAND Comexbu 7h40 RADIO