
5 Lëtzebuerger Residenten hu sech dem Global March to Gaza lescht Woch ugeschloss: Enger Beweegung, déi sech virgeholl hat vun Ägypten aus op d’Grenz zu der Gazasträif an d'Stad Rafah ze marschéieren. Et sollt eng friddlech Manifestatioun ginn, fir op déi humanitär Situatioun a Gaza opmierksam ze maachen, ma d’Aktivisten sollten et net bis op Rafah packen: Déi Ägyptesch Autoritéiten hunn, den Demonstranten no, mat Gewalt de Protest verhënnert, an och déi Lëtzebuerger Delegatioun ass zréck geschéckt ginn. Op enger Pressekonferenz hu si vun hiren Erliefnisser erzielt. D’Céline Eischen war fir eis mat dobäi.
18/06/2025 BAND Marche to Gaza 7h40 INTERNET
Am meeschte gelies