Bal schonn a Rekordzäit wëllt den Telekommunikatiouns- an Technologiekonzern Vodafone säin neien zentraleuropäesche Logistikzenter zu Beetebuerg a Betrib huelen. Gëschter Moie gouf mam Aféiere vun enger éischter Putter souzesoen de Grondsteen am MG Park zu Beetebuerg geluecht. Ufank d’nächst Joer wëll Vodafone den Zenter da schonn a Betrib huelen. Vun hei aus sollen an der Zukunft all d’Lagerbestänn aus Europa verwalt ginn. D’Gesamtinvesitioun läit bei 88 Milliounen Euro. Diana Hoffmann

19/06/2025 Vodafone zu Beetebuerg 7h15 (Online)