
De Staat keeft de Promoteure jo gär Projete vum Plang of, fir der Logementskris entgéint ze wierken. Vun 2024 un huet de Staat 17 Akte mat private Promoteuren ënnerschriwwe fir 293 Wunnunitéiten déi elo an de Bau ginn. Käschtepunkt: 179 Milliounen Euro. Aner Projete mat am Ganzen 257 Unitéite wäre schonn an der Pipeline, esou de Logementsminister Claude Meisch gëscht an der zoustänneger Chamberkommissioun.
Projeten opkafen ass dat eent, mä d'Regierung wëll och dass déi ëffentlech Hand Locataire gëtt. Doriwwer gouf gëscht kontrovers diskutéiert. Pierre Jans
20/06/2025 BAND Staat lount -7.40- jans (INTERNET)
Am meeschte gelies