E Festiessen, Oprëschtung, a rëm Heem: Den Donald Trump ass zu Den Haag. Awer net laang. Gëscht den Owend ëm ongeféier hallwer 8 – deemno mat e bësse Retard – war dem US-President seng Air Force 1 op hollänneschem Buedem gelant. Géint véierel fir 9 ass hien dunn eréischt zu Den Haag am kinnekleche Palais fir de solenellen Diner fir d‘Ouverture vum NATO-Sommet ukomm. An do huet hien och iwwernuecht. Pierre Jans