Et ass eng tragesch Geschicht, déi vill Froen opwerft. An der Belsch gouf rezent bei direkt e puer Kanner, déi all vum selwechte Spermaspender kommen, ganz fréi eng Kriibserkrankung festgestallt. Am Ganze ginn et 67 Kanner vun deem Spender an eelef Länner, dovunner 52 Kanner eleng an der Belsch. Wéi ass et iwwerhaapt méiglech, datt esou vill Kanner vum selwechte Spermaspender kommen a kann esou eppes verhënnert ginn ? D’Marlène Clement huet am nationale Fertilitéitszentrum am CHL nogefrot a wollt och wëssen wéi dat zu Lëtzebuerg gereegelt ass.

26/06/2025 Spermaspenden - Centre de Fertilité - 07h15