Wéi gesäit d’Landwirtschaft vu muer aus a wéi kritt ee Leit motivéiert Bauer ze ginn? 
Dës Fro stoung am Mëttelpunkt vun enger Visitt um Biohaff Steichen zu Welschent. D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen a politesch Delegatiounen aus Däitschland, Éisträich, Liechtenstein an der Schwäiz hunn sech do e Bild vun enger innovativer an nohalteger Produktioun gemaach. Carla Schuller

26/06/2025 Visitt Biohaff Steichen -7H40- / Reportage: Carla Schuller