Wéi geet d’Gesellschaft mam Thema Doud ëm? Fir d’Organisatioun Omega 90 soll d’Enn vum Liewe keen Tabu méi sinn. Mat Rekordzuelen an hirem Joresrapport 2024 weist si, wéi grouss de Besoin no Begleedung a Gespréich ass – a wéi wichteg et ass, iwwer Trauer an Doud ze schwätzen. Carla Schuller

26/06/2025 Omega 90 Joresbilan / Reportage: Carla Schuller

Bal 5000 Begleedungen, 128 Patienten a méi wéi 1200 Formatiounen am Haus Omega. Dës Hausse markéiert e Joer vollen Engagement. Omega 90 këmmert sech ëm Leit, déi um Enn vun hirem Liewe sinn.

Trotz den Zuele géif een eppes bemierken: Leit kommen ëmmer méi spéit bei si, erkläert d’Präsidentin vum Verwaltungsrot, Diane Dhur:
“Mir hu méi Patienten am Haus Omega gehat, wat och dorop zréckzeféieren ass, dass den Openthalt vun de Patiente bei eis méi kuerz ginn ass. Et ass natierlech eng Erausfuerderung fir, dass mer hinnen eng gutt Begleedunge kënnen ubidden, mee et ass och ze verstoen, dass d’leit sou laang wéi méiglech doheem wëlle bleiwen éier se an eng palliativ Institutioun ginn.”

Am Duerchschnëtt sinn d’Leit just nach ongeféier 31 Deeg am Haus. Dowéinst setzt Omega 90 op Opklärung. Et wier wichteg den Doud an Trauer ze konfrontéieren, well et wier en Deel vum Liewen:
“Et hëlleft eis net wann do vill Ängschten entwéckelen, wa mer et verdrängen an eis net domadder konfrontéieren, well dat och en Impakt op d’Liewen huet. Wann een sech senger Stierflechkeet bewosst ass, da genéisst een all Dag vun sengem Liewen an et mécht een dat bescht aus all Dag, well ee weess, dass et all Dag ka riwwer sinn.”

Mam Projet “Omega an der Schoul” wéilt ee Kanner hëllefen Trauer ze verstoen, erkläert d’Diane Dhur. Bal all Kand hätt schonn eng Erfarung mam Doud gemaach.
“Kanner reagéiere ganz sensibel op politesch a gesellschaftlech Themen a Saache wéi Krich maachen hinnen Angscht. Verwondbarkeet an Dout hänken domadder zesummen a Kanner sinn awer am Verglach zum Erwuessene méi oppen zou dem Thema. Bei dësem Projet kënnen si eng ganz Rëtsch Saache léieren: Wéi steet en engem an Trauer bäi? Wat dat hinne gutt wann se traureg sinn?”

E grousse Problem wier déi sougenannt “Futility”, seet Omega 90 - also sënnlos Iwwerbehandlungen um Enn vum Liewen. Déi géifen dacks kontraproduktiv sinn, erkläert d’Directrice, Nicole Weis-Liefgen:
“Dat heescht wann ee just fir dem Patient d’Hoffnung net fortzehuelen nach weider Therapien ubitt, déi eigentlech näischt méi bréngen. Well d’Leit kommen dowéinst dacks no Therapieschluss nach fir zwou Woche bei eis a soen hinnen hätt d’Zäit gefeelt fir en Ofschloss vum Liewen ze maachen an nach villäicht ouni Symptomer a sech krank ze fillen de Rescht vun hirem Liewen ze genéissen.”

Mat Projeten an de Schoulen an an de Medien, wëll Omega 90 den Tabu ronderëm den Doud briechen.