Den 2. Juli gëtt an der Chamber d’Petitioun vun der Lëtzebuerger Palestinenserin Dalia Khader diskutéiert. Déi fuerdert d’Regierung op, Sanktiounen géint Israel ze huelen, wéinst der Politik géint d’Palestina. Israel géif ëmmer nees internationaalt Recht briechen. Dofir misst ekonomeschen Drock gemaach ginn, esou d’Dalia Khader. D’Organisatiounen Jewish Call for peace an Amnesty International, esou wéi d’Actrice Vicky Krieps ënnerstëtzen d’Petitioun. Michèle Sinner mat Detailer.

27/06/2025 BAND Petitioun Sanktiounen Israel 07H15