An deenen nächsten Deeg gëtt et waarm zu Lëtzebuerg. 
Fir déi eng gutt waarm, fir déi meescht warscheinlech awer ze waarm.
Et ass mat Temperature vu méi wéi 35 Grad ze rechnen, mä dat Phenomen ass net onüblech, och wann e méi rare ass, seet de Chef vum meteorologesche Service vu Meteolux.
Mir hu beim him nogefrot firwat den Thermometer an deenen nächsten Deeg esou klëmmt, Annick Goerens

30/06/2025 Waarmt Wieder 7h15 AG/DR