An der Chamber ass de Moien iwwer eng Petitioun diskutéiert ginn, déi Sanktioune géint Israel fuerdert.
Drock op Israel ass do, d’Situatioun an der Gazasträif net méi acceptabel, sot de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Mä Konsequenze gëtt et bis ewell awer net.
Firwat dat esou ass an ob et Hoffnung op eng Verbesserung vun der Situatioun gëtt, hu mer mam DP-Deputéierte Gusty Graas diskutéiert, Carine Lemmer...