Et ass ee vun de villen Dispositifen vum Staat fir méi bezuelbare Wunnraum de schafen : De Pacte Logement 2.0 gëtt fir d’Xte Kéier ofgeännert. Et kommen nei finanziell Hëllefsmesuren fir d’Gemengen, déi Wunnenge bauen dobäi. Déi Subsiden, déi et scho ginn bleiwe bestoen a sollen och méi einfach kënnen un d’Gemengen ausbezuelt ginn. De Regierungsrot huet déi Ännerungen haut ugeholl an de Logementsminister Claude Meisch huet se duerno der Press virgestallt. Fränz Aulner