Wat gouf am leschte Joer an der Chamber geschafft? Déi Fro beäntwerten an deenen nächste Wochen no an no déi verschidde Fraktiounen a politesch Sensibilitéiten. Dat am Kader vun de sougenannte Fraktiounsiessen, op déi d'Press invitéiert gëtt a wärend deene sech an enger méi informeller Stëmmung bei engem Maufel an engem Patt ausgetosch gëtt. Haut huet d'DP-Fraktioun als éischt hire Bilan presentéiert. Dobäi gouf wéineg iwwerraschend positiv op d'Aarbecht vun der Majoritéit zeréckgekuckt. Gläichzäiteg gouf awer och op d'Diskussiounen iwwert eng Pensiounsreform no vir gekuckt, Marc Hoscheid.

07/07/2025 BAND Bilan DP 17h40 (online)