
Gëschter Owend ass sech de Gemengerot vun Ierpeldeng net doriwwer eens ginn, ob ee weider un de Gespréicher iwwert eng Nordstadfusioun deelhuele wëllt. Um Enn hu 4 Conseillere mat Jo a 4 Conseillere mat Nee gestëmmt, wärend sech een enthalen huet. Obwuel an der nächster Sëtzung d'Stëmm vum Buergermeeschter, dee mat Jo gestëmmt huet, bei deem selwechte Resultat duebel ziele géing, gesäit hien d'Fusioun tëscht Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren awer elo a grousser Gefor, Marc Hoscheid.
08/07/2025 BAND Vott Ierpeldeng Fusioun 07h40 (online)
Am meeschte gelies