
All investéierten Euro an d’Nationalbibliotheik bréngt ee Retour vun 3,34 Euro fir d’Gesellschaft an de Wëssenschaftsstanduert Lëtzebuerg. Dat ass op allefall d’Resultat vun enger Etude, déi d’Nationalbibliothéik an Optrag ginn huet. Och d’Zefriddenheet vun de BNL-Notzer wier extrem héich, dat soten déi Responsabel vun der Etude gëscht op enger Pressekonferenz a Presenz vum Kulturminister Eric Thill. D’Céline Eischen war mat dobäi.
08/07/2025 Band Notzen BNL 7h15 RADIO
Am meeschte gelies