De Mëtteg um 3 Auer ass e wichtege Rendezvous am Staatsministère. Op Invitatioun vum Premier Luc Frieden komme Regierung, Gewerkschaften a Patronat beienee fir iwwer e puer méi kontrovers Sujeten ze schwätzen....a fir Léisungen ze fannen. Ënnert anerem iwwer d’Pensiounen.
Déi gréng Oppositiounspolitikerin Sam Tanson war de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Si hofft, datt déi 3 Partner nees beienee fannen an um Enn e formellen Accord derbäi eraus kënnt, Carine Lemmer...

09/07/2025 Resumé Invité Sam Tanson - online -