
Gëschter ass virun der Stater Chambre criminelle de Prozess géint ee presuméierten Neonazi virugaangen. Nodeems ee vun den Enquêteuren nach eng Kéier op d'Faiten agaangen ass, déi dem jonke Mann virgeworf ginn, war et um Ugeklote selwer, fir seng Ausso ze maachen. Dobäi huet hien zouginn, datt d'Reprochen, déi him gemaach ginn, zum gréissten Deel stëmmen, ma an der Tëscht hätt hie sech geännert. Dovunner schéngt de Riichter awer net ganz iwwerzeegt ze sinn, Marc Hoscheid.
10/07/2025 BAND Geriicht Neonazi 07h15 (online)
Am meeschte gelies