D’Regierung ass de Gewerkschaften entgéint komm : se huet op der Sozialronn vun 11 Stonnen hënnt garantéiert, datt se net un d’Kollektivvertragsgesetz geet an d’Gewerkschaften d’Exklusivrecht behale fir d’Kollektivverträg, mee och «accords d’entreprise» ze verhandelen.

«Op deem Punkt si mer zefridden», esou d’Presidentin vum OGBL Nora Back de Moien hei op RTL.

Resumé Invitée Nora Back