D‘NATO-Memberlänner haten sech zu Den Haag viru gutt zwou Wochen bereet erkläert hir Ausgaben fir Defense bannent den nächsten 10 Joer op 5 Prozent vun der nationaler Wirtschaftsleeschtung z‘erhéijen. 3,5 Prozent fir Oprëschtung, 1,5 Prozent fir déi Verdeedegungs-relevant Infrastruktur. Enorm Zommen virun allem fir e klengt Land ewéi Lëtzebuerg. Kee Wonner also, dass d‘Deputéiert sech froen, wat d‘Regierung mat deene Sue wëlles huet. Op Demande vun der LSAP-Fraktioun war gëscht eng Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwer déi nei NATO-Obligatiounen. Pierre Jans

10/07/2025 BAND Chamber NATO -7.40- jans (INTERNET)