Bei der Bilanspressekonferenz vun der CSV goufen et keng weider Picken a Richtung vun der Oppositioun. Och beim Sujet Sozialdialog huet den, soss ëm den S am Parteinumm beméite Fraktiounspresident Marc Spautz, sech zréckgehalen. Dofir hat een awer, trotz engem mëssgléckte Witz iwwert Iwwerstonne bei Gewerkschaftler vum Premier en Donneschden, nach Sënn fir Humor. Diana Hoffmann

14/07/2025 CSV-Bilanspressekonferenz 17h50 (Online)