Als President vum Staatsrot wier et net seng Gewunnecht fir Avisen, déi schonn ofginn goufen, nach eemol ze kommentéieren. Dat sot de Marc Thewes de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Déi vill Commentairen ëm déi zwee rezent Avisen iwwer d'Sonndesaarbecht an iwwer d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce géingen och zur Diskussioun bäidroen an déi Leit déi dës géingen äusseren, wieren domat och an hirer Roll, Annick Goerens

15/07/2025 Resumé Invité: Marc Thewes / Reportage: Annick Goerens