Zanter op d'mannst 2019 heescht et op de Quadripartitten, dass déi national Gesondheetskeess e strukturellen Defizit huet. Déi lescht Previsiounen schwätzen vun 132,6 Milliounen Euro fir 2025. Den Direkter vun der CNS sot an engem Interview zejoert et géing een fir dëst Joer mat engem Defizit vun 161 Milliounen Euro rechnen. An de Problem wäert ëmmer méi grouss ginn. Genee dofir weist sech d'Associatioun vun den Dokteren- an Zänndokteren elo extrem erstaunt iwwer e neien Kollektivvertrag am Spidolssecteur a schwätzt carrement vu graven Interessekonflikter bannent der CNS, Annick Goerens
18/07/2025 AMMD vs CNS / Reportage: Annick Goerens
Am meeschte gelies