D'Gemengen Dikrech an Ettelbréck wëllen, datt 90 Prozent vun hirem Stroum aus erneierbaren Energië kënnt. Fir dat Zil ze areechen, gouf 2019 zesumme mat den Energieversuerger Nordenergie, un deem Dikrech, Ettelbréck an Enovos jee zu engem Drëttel bedeelegt sinn, a Soler d'Societéit "Wandpark Nordenergie" gegrënnt. Dës huet schonn ee Wandrad beim Karelshaff a Betrib geholl. Am Fong soll och eent tëscht Waarken a Bierden gebaut ginn, ma zu Bierden, dat zur Gemeng Ierpeldeng-Sauer gehéiert, wiert sech eng Biergerinitiativ géint de Projet an am Ierpeldenger Gemengerot stellen eng Partie Conseilleren esouguer d'Nordstadfusioun wéinst dem Wandrad a Fro. Bei Soler kann een dat net novollzéien an et verweist een op déi vill Contrainten, déi een anhale misst, Marc Hoscheid.

22/07/2025 BAND Nordenergie Wandkraaft/Nordstad-Fusioun 12h15 (online)