D’Gespréicher an der Sozialronn si net esou gelaf wéi d‘Patronatsvertriedung sech dat virgestallt hat. Dat huet de President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Betriber Michel Reckinger de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun erkläert.
Vun enger Säit wär just blockéiert ginn, an et ass kloer, wien de Michel Reckinger domadder mengt. Pierre Jans
D‘Gewerkschaften natierlech. Si hätten d‘Diskussiounen ganz zéi gemaach. An obwuel, OGBL an LCGB jo betount haten, si wéilten zum Beispill bei de Kollektivverträg just de Status quo halen, behaapt de Michel Reckinger:
CUT
D‘Patronatsvertriedung ass enttäuscht vun der Regierung, déi dem Drock noginn hätt.
CUT
An déi wär och wichteg fir d‘Produktivitéit vum Betrib, Michel Reckinger.
CUT
Et wär essentiell wichteg de Reform-Stau ze deblockéieren fir d’Wirtschaft nees ze relancéieren. Et gi vill manner Aarbechtsplazen geschaaft. Mat der Ausnam vum Finanzsecteur géifen d‘Betriber keng Sue méi verdéngen, beklot de Michel Reckinger. Dat huet natierlech en Impakt op de Pensiounssystem. Den UEL-President fuerdert eng staark Reform.
CUT
Et wéilt een d‘Pensiounen net kierzen. Ma de Rentenajustement an d‘Allocation de fin d‘année gesäit de Michel Reckinger als Supplementen, op déi virun allem Leit mat enger héijer Pensioun verzichte kéinten. Déi sollte beispillsweis sozial gestaffelt ginn, esou eng Propose vun der UEL. Beim méi laang schaffe goen, proposéiert den Michel Reckinger eng Fräiwëllegkeet, awer mat engem UEL-Twist.
CUT
Och dat kéint ee sozial staffelen, seet de Michel Reckinger. D‘Décote wär bei deene klenge Pensiounen am klengsten.