An de 60er-Jore gouf de Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûre gegrënnt. De Siège an eng Drénkwaasseropbereedungsanlag goufen net wäit ewech vun der Staumauer gebaut. Virun e puer Joer ass de SEBES op een neie Site bei Eschduerf geplënnert an zanterhier steet dat fréiert Gebai eidel. D'Gemeng Esch-Sauer an de SEBES hunn ënnerschiddlech Pläng fir eng zukünfteg Notzung. Duerch eng Decisioun vum Kulturministère ass d'Gemeng elo awer am Virdeel, Marc Hoscheid.

29/07/2025 BAND Sträit ëm Denkmalschutz fir aalt SEBES-Gebai 07h40 (online)