D'Präisser sinn an de leschten Méint effektiv méi staark geklommen an wäerten och nach bis Enn vum Joer an d'Luucht goen, virop bei de Servicer a bei de Reesen. Mee ganz allgemeng gesi mer aktuell relativ wéineg staark Präis-Haussen. Am Verglach mat virun 2 Joer, do wieren d'Präishaussen op iwwer 5 Prozent geklommen. Haut léich een bei 2 Prozent. Dat sot den Tom Haas de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Den Direkter vum Statec schätzt dass eng nächst Indextranche am Hierscht d'nächst Joer géif erfalen, Annick Goerens

12/08/2025 Resumé Invité: Tom Haas / Reportage: Annick Goerens