Déi éischt dierften sech antëscht hire Fësch respektiv d'Gromperekichelcher gutt schmaache loossen. De Mëtteg huet um Glacis  d'Schueberfouer opgemaach. Déi offiziell Ouverture mat der traditioneller Politprominenz aus Stad a Land ass dann duerno um 5 Auer wann d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer d'Bännchen duerchschneit. Am Virfeld war de Moien schonn de sougenannte "Fouermeeschter" Laurent Schwaller eisen Invité vun der Redaktioun. An deen huet sech ganz zefridde gewisen. Claude Zeimetz

22/08/2025 Résumé Laurent Schwaller - Claude Zeimetz