Vun e Sonndeg op e Méindeg goufen d'Ekippe vum CGDIS op dräi verschidden Accidenter geruff, bei deenen am Ganze fënnef Leit blesséiert goufen.

Wéi de CGDIS schreift, hat et e Sonndeg géint 17.23 Auer op der A4 a Richtung Stad op der Héicht tëscht Leideleng-Nord an dem Zéissenger Kräiz tëscht engem Moto an engem Auto gerabbelt. Dräi Leit goufe bei der Kollisioun dräi Leit blesséiert. Um Asaz waren nieft dem Samu vun Esch och d'Ambulancieren aus der Stad, Mamer a Schëffleng, souwéi d'Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech.

Um CR106C tëscht Nidderpallen a Räichel war iwwerdeem géint 21.31 Auer en Auto an e Gruef geroden. Och hei gouf et ee Blesséierten, dee vun de Rettungsdéngschter vu Réiden a Rammerech versuergt gouf.

An der Nuecht op e Méindeg hat sech kuerz no Mëtternuecht en Auto op der RN31 tëscht dem Keeler Potto an Esch-Uelzecht iwwerschloen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Op der Plaz waren d'Ambulancieren an d'Pompjeeë vu Keel.