Den éischte Lëtzebuerger Observatiounssatelitt vu « Luxeosys » gëtt endlech an Orbit geschéckt. Am Géigesaz zum Govsat-Kommunikatiounssatellit ass en net geostationnéiert, mee kreest 15 Mol pro Dag rondrem d’Aerd. Den Décollage ass den Owend Halwer 10 eiser Zäit mat enger Falcon-9 Rakéit vu Space X a Kalifornie programméiert. Däitlech méi spéit a méi deier wéi Ufanks geplangt. De Fränz Aulner mat engem Réckbléck op eng regelrecht Saga vu Geknéchels.
Réckbléck op Luxeosys
Am meeschte gelies