An deene leschte Jore gouf et nawell zimmlech vill Diskussioune ronderëm d'Policegewerkschaft SNPGL. Zanter Mëtt Juni huet ee mam Patrick Baddé elo een neie Mann un der Spëtzt. Als Invité vun der Redaktioun sot hien de Moien, datt een op Kontinuitéit setzt a fir d'éischt Mol Rou an de Buttek kréie wëllt. Generell wier d'Police am Moment op engem gudde Wee, och wann et plazeweis nach Loft no uewe gëtt, Marc Hoscheid.

25/08/2025 BAND Resumé Invité Patrick Baddé 12h40 (online)

Et géinge méi gutt wéi schlecht Momenter ginn. De Beruff vum Polizist wier ganz villsäiteg, sou kéint een zum Beispill am Jugendschutz, bei der Spueresécherung oder der Hondsstaffel schaffen. Et géing ee sech awer och heiansdo bëssi am Stach gelooss fillen, wa Leit, déi ee festgeholl huet, zwee Deeg dono rëm op fräiem Fouss sinn. Zanter dem 1. Juli sinn d'Poliziste mat Body-Cams ekippéiert. Dat wier eng gutt Saach, well de Vis-à-vis doduerch méi Hemmungen hätt, fir d'Beamten ze agresséieren. Et géing awer nach technesch Problemer ginn, aktuell léisst d'Kamera nämlech nach net aus, wann d'Waff gezu gëtt. Dat soll sech dem SNPGL-President Patrick Baddé no awer änneren.

"Mir kréien een Ausléiser op eisen Holster, dat heescht wann dann eng Situatioun ass, wou de Polizist seng Waff muss zéien, da léisst en automatesch d'Kamera aus, och am Bluetooth-Rayon vun deenen anere Polizisten och. A sou huet een dann hannenno eng gréisser Perspektiv op d'Saach wéi just déi vum eenzele Polizist an ech fannen dat ass positiv. Dat soll lo an nächster Zäit agebaut ginn, wa mer do een extrae Mechanismus mussen dropbauen op eis Holsteren."

Zu den Taseren, déi op den 1. Januar dat nächst Joer agefouert ginn, kéint een nach net vill soen, well een nach keng Detailer wéisst.

An de soziale Medie kurséiere Videoen, déi weisen, datt et zu spéider Stonn op der Paräisser Plaz zu deels heftegen Ausernanersetzunge kënnt. De Patrick Baddé confirméiert, datt sech d'Situatioun do an der Lescht zougespëtzt huet.

"Et ass sou, datt op der Gare relativ vill Videosurveillance ass an datt dat sech lo bëssi erop verlagert huet op d'Paräisser Plaz. Ech hat do och rezent mam Chef vum Büro vun der Gare Hollerech riets, deen huet mer gesot, datt dat normal ass. Do stinn owes och nach relativ oft Dieren op, dat heescht da versammelen déi Leit sech do a geroden iergendwann zu spéider Stonn uneneen. Mee d'Police huet awer scho reagéiert, si kruten och gesot, datt d'Nuetsschicht do méi staark Kontrolle muss maachen, fir de Problem an de Grëff ze kréien."

Wierklech léise kéint d'Police de Problem eleng awer net. Dofir bräicht et een Zesummespill mat de Geriichter, der Stad Lëtzebuerg a soziale Servicer.

Wat d'Stëmmung an der Policegewerkschaft SNPGL ugeet, sou war déi an deene leschte Joren net ëmmer déi Bescht. Déi lescht Presidentin Marlène Negrini war vum hirem Posten ofgesat ginn. Dat wéilt een awer hannert sech loossen.

"Do war e bëssi Rumouers am Comité, ech ginn do net ganz genau an d'Detailer eran. Mee do waren zwee Clanen, deen ee Clan ass jo lo net méi do, deen aneren ass nach ëmmer do an dee probéiert dat lo nei opzebauen. Mir si lo eng ganz jonk dynamesch Ekipp an ech hoffen, datt mer wierklech an där dote Stëmmung an an där dote Motivatioun kënne virufueren."

An och no bausse wéilt ee manner op Konfrontatioun setzen, mee villméi konstruktiv Gespréicher mat der Police-Hierarchie, dem Inneminister Léon Gloden an allen zoustännege Servicer féieren.