Ee groussen Terrain op der enger Säit a vergläichsweis wéineg Awunner, déi awer gären änlech Servicer wéi am urbane Raum hätten op der anerer Säit. Mat där net ganz einfacher Situatioun sinn déi grouss Flächegemenge konfrontéiert. Beispillhaft dofir steet Wëntger, déi flächeméisseg gréisste Gemeng vum Land. De Buergermeeschter Lucien Meyers huet als Invité vun der Redaktioun op déi grouss finanziell Erausfuerderung higewisen. Ma et géing awer och positiv Entwécklunge ginn, Marc Hoscheid.

26/08/2025 BAND Resumé Invité Lucien Meyers 12h40 (online)