Den August geet op en Ënn duer, vill Leit kommen sou lues aus hire Vakanzen zeréck, déi eng sinn zum Beispill erof op d’Côte d’Azur gefuer anerer ë bësse méi wäit. Fir Reesen baussent Europa, virun allem an tropesch Gebitter, ass et wichteg sech géint exotesch Krankheete wéi d’Giel Féiwer impfen ze loossen. Zu Lëtzebuerg kann een dat nëmmen an der Travel Clinic vum CHL maachen an d’Liste d’attente kënnen an de Peakzäite relativ laang ginn.
Noa GANETO
25/08/2025 Repo TravelClinic 17h15 (Online)
Am meeschte gelies