Nom Caritas-Skandal war et ëmmer d'Approche vun der Fedas, déi ronn 200 Acteuren aus dem soziale Secteur regroupéiert, fir ze kucken wat een doraus kann léieren an wéi een kann méi resilient ginn fir de soziale Secteur no vir ze bréngen. Dat sot den Thomas Lentz de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Generalsekretär vun der Fedas erkläert dass elo all d'Acteuren vill méi sensibiliséiert wieren, wéi nach virun engem Joer, Annick Goerens

03/09/2025 Resumé Invité: Thomas Lentz / Reportage: Annick Goerens