"Eng Persoun kann d'Welt veränneren."
Dovunner ass den Aktivist fir Déiererechter an investigative Journalist Friederich Mülln iwwerzeegt.

Hien huet an Däitschland d'Soko Tierschutz gegrënnt an déi huet et fäerdeg bruecht, datt bannent enger Dose Joren iwwer 100 Persoune verurteelt goufen, déi Déiere gequäält hunn, datt 14 Schluechthaiser zougemeet goufen a 4 Laboratoiren an deenen Déiereversich gemeet goufen.

De Friederich Mülln war d'lescht Woch an der KUFA, wou wärend 4 Deeg eng Konferenz war op där d'Déiererechter am Mëttelpunkt stoungen.

Hien huet seng Erfarungen do gedeelt a wëll de Leit ze weisen wat si alles kënne bewierken, Dany Rasqué.

08/09/2025 Reportage Friedrich Mülln Déiererechter 12h15 DR

De Friedrich Mülln ass zënter méi wéi 30 Joer am Déiereschutz aktiv an ass dovunner iwwerzeegt, datt een am meeschten areecht, wann ee Leit undercover op landwirtschaftleche Betriber, a Schluechthaiser oder a Laboratoiren aschleist.

Op déi Manéier schafft seng SOKO Tierschutz an huet zënter Jore Succès domadder.

Ee Beispill ass d'Fermeture vun engem grousse Laboratoire fir Déiereversich.

Dat war viru 5 Joer a fir de Frierdrich Mülln e Beweis, datt eenzel Leit et mat enger riseger Industrie kënnen ophuelen.

"LPT war dee berüchtegtsten Laboratoire fir Déiereversich deen et a ganz Däitschland gouf. D'Firma hat 3 verschidde Laboen an no der undercover Recherche vun dëse couragéierte Leit hunn se allen dräi bannent deenen nächste 4 Méint missten zoumaachen an et konnten iwwer 1000 Déieren, dorënner Kazen, Hënn, Raten a Mais gerett ginn. Nëmme well ee Mënsch gesot huet "ech maachen dat". "

Esou eng undercover Recherche kann een normalerweis just eemol am Liewe maachen, seet de Friedrich Mülln. Dono stéing den eegenen Numm op enger schwaarzer Lëscht.

Hie selwer huet ënnert anerem e puer Méint an engem Laboratoire fir Déiereversich geschafft an als Pelzhändler a China. Dofir weess hien, datt esou Recherchen un d'Substanz ginn.

"Et schafft een do, komplett inkognito an et muss een natierlech villes matmaachen. Mat de Leit liewen, mat de Leit feieren. Et ass schonn eng grouss Erausfuerderung déi Mask oprecht z'erhalen, well bei villem wat een do gesäit, géif een am Léifsten ufänken ze kräischen, mä dat kann een natierlech net."

D'Soko Tierschutz ass weltwäit aktiv, mä haaptsächlech an Däitschland. De Friederich Mülln ass der Meenung, datt ee fir d'éischt virun der eegener Dier soll kieren, ier ee Leit aus anere Länner kritiséiert. Am Fall wou Däitschland allerdéngs d'Drécksaarbecht géif outsourcen, géif ee mat dohinner goen.

No iwwer 3 Joerzéngten Déiereschutz gëtt et ee Saz, deen de Journalist reegelméisseg widderhëlt.

"Ech soen ëmmer ee Saz zu menge Leit: 'Dat hätt ech mer net kënne virstellen'!

Obschonn ech dat elo schonn zënter 33 Joer maachen an dat weist eeben datt d'Industrie, déi Déieren ausbeut ëmmer erëm fir Iwwerraschungen vun der negativer Zort gutt ass."

Deemnächst verëffentlecht d'Soko Tierschutz d'Resultater vun enger undercover Recherche, déi elo rezent gemaach gouf.

Ëm wat et dobäi geet, konnt de Friedrich Mülln am Interview net soen, well soss den Alarm ze fréi bei deene Betraffene géif lassgoen. Just esou vill, dat wat d'Soko Tierschutz dokumentéiert huet wier weltwäit nach ni gewise ginn.