D'Echoen lanscht d'Musel um RTL Mikro sinn kloer:
D’Drauwe wiere kärgesond, dat weinst engem August mat vill Sonn a genuch Fiichtegkeet. 
Doriwwer fréë sech d’Wënzer, déi mat engem ganz gudden a fruuchtege Joergang rechnen. Bis een den neie Wäi ka schmaachen dauert et awer nach e puer Deeg. Fir d’éischt ginn mol 2-3 Woche laang Drauwe gelies. 
De Chris Meisch war an d‘Wéngerten, de Wënzer bei der Lies iwwer d‘Scheller kucken.

08/09/2025 BAND Drauwelies 17h40 ChrisMeisch (INTERNET)