Wann d‘Schueberfouer eriwwer ass, ass et nees Zäit fir d‘Rentrée an d’Schoulen. Nächst Woch ass et fir eng 118.000 Kanner a Jugendlecher nees esou wäit: d‘Vakanzenzäit ass eriwwer an et gett erëm lass mam Eescht vum Liewen.

Ronn 55.000 Schüler a Schülerinne ginn dem Educatiounsministère no, dëst Joer zu Lëtzebuerg an d’ Lycéen. Éier et lass geet, muss sech anstänneg preparéiert ginn. Souwuel d‘Schoulen an d‘Schoulpersonal, wéi och d‘Schüler an hir Elteren. Dat heescht: Classeuren, Bicker a Schoulbicher kafen, respektiv Klassen organiséieren, a Stonnepläng preparéieren.
Chris Meisch.
 

10/09/2025 BAND Preparatiounen Schoulrentrée 7h40 ChrisMeisch (INTERNET)