Iwwer 800 Noutriff beim CGDIS, iwwerschwemmte Kelleren an Auto‘en déi op der Kopp léien. An der Nuecht vum 8. op de 9. September ass iwwer Deeler vum Land vill Reen erofgaangen. Zum Deel an enger Intensitéit, déi d’Fuerscher vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) als "aussergewéinlech“ beschreiwen.

Besonnesch am Raum Miersch goufe Wäerter gemooss, déi wäit iwwer dat erausginn, wat een bis elo kannt huet.
Renaturéierungsmësuren, wier e wichtegt Puzzelstéck vun de ganze Mesuren, fir méi resilient géint Héichwaasser ze ginn.
 
De Chris Meisch huet mam LIST iwwer éischt Conclusiounen an d’Erausfuerderunge geschwat.

10/09/2025 BAND Renaturéierung 17h40 ChrisMeisch (INTERNET)