D‘Regierung wëll Pionéier am Beräich vun der intelligenter an innovativer Mobilitéit sinn.
Elektreschen an autonom Navetten sollen en Deel vum Rezept sinn.
Zanter ongeféier engem Mount kënnen d'Leit zu Esch-Belval vun zwou gratis autonomen Navette profitéieren, déi vun den CFL bedriwwe ginn.
Se sollen de sougenannten „leschte Kilometer“ couvréieren, wann een zum Beispill vun der Gare aus nach op d‘Uni oder d‘Aarbecht muss goen. Dës Navette solle komplementar zu den anere Mobilitéits-Méiglechkeete gesi ginn.
Gëschter goufen d'Gefierer um Belval offiziell ageweit.
Chris Meisch
17/09/2025 BAND Autonom Navette CFL 7H40 ChrisMeisch (INTERNET)
Am meeschte gelies